LIDD 143
Waart gedëlleg, bleif waakreg
1. Mir liewen a schwéi’ren Zäiten.
a spieren Drock vun all’ Säiten.
Mee Gott schenkt eis e Verspriechen:
déi nei Welt ass geschwënn do.
(REFRAIN)
Waart gedëlleg, bleif waakreg an denk drun,
datt mir am Déngscht vill ze dinn hunn.
Hal déi nei Welt fest am Bléck.
2. Jehova gëtt eis eng Hoffnung;
duerch Jesus bréngt hien Erléisung.
Als Kinnek ass hien eis Rettung;
d’Arméi am Himmel steet prett.
(REFRAIN)
Waart gedëlleg, bleif waakreg an denk drun,
datt mir am Déngscht vill ze dinn hunn.
Hal déi nei Welt fest am Bléck.
3. Geschwë geschitt Gott säi Wëllen,
d’Versprieche wäert hien erfëllen
an d’Wënsch vun all’ Mënsche stëllen –
déi ganz Äerd otemt dann op.
(REFRAIN)
Waart gedëlleg, bleif waakreg an denk drun,
datt mir am Déngscht vill ze dinn hunn.
Hal déi nei Welt fest am Bléck.
(Dozou och Mat. 25:13; Luk. 12:36.)