LIDD 148
Jehova – mäi staarke Fiels
1. Jehova, all deng Wierker weisen deng grouss Muecht:
den Himmel, d’Äerd an d’Mier
an d’Stären an der Nuecht.
Du bass a bleifs deen Héchsten, de Souverän –
’t gëtt soss keen.
Géint dech huet keen eng Chance.
(REFRAIN)
Jehova, mäi staarke Fiels a meng Rettung!
Wëll éi’ren däin Numm, duerch dech kann ech Hoffnung hunn.
Deng trei Dénger léiss du net am Stach,
bass fir si do.
Voller Glawen, vertrauen ech dir;
bass mir sou no.
2. Wann d’Angscht mech läämt an d’Däischtert huet mech ageholl,
da ruffen ech zu dir:
„Weis, wat ech maache soll!“
Sinn ech vum Feind ëmzéngelt, da retts du
mech sécherlech.
„Schenk mir déi néideg Kraaft!“
(REFRAIN)
Jehova, mäi staarke Fiels a meng Rettung!
Wëll éi’ren däin Numm, duerch dech kann ech Hoffnung hunn.
Deng trei Dénger léiss du net am Stach,
bass fir si do.
Voller Glawen, vertrauen ech dir;
bass mir sou no.
3. Wéi Donner schaalt deng Stëmm
ganz haart vum Himmel hier.
Deng Feinden hunn all Angscht,
deng Frënn kucken no vir.
An dat, wat s du versprach hues, erfëlls du dann.
Freed herrscht dann!
Rettung kënnt just vun dir.
(REFRAIN)
Jehova, mäi staarke Fiels a meng Rettung!
Wëll éi’ren däin Numm, duerch dech kann ech Hoffnung hunn.
Deng trei Dénger léiss du net am Stach,
bass fir si do.
Voller Glawen, vertrauen ech dir;
bass mir sou no.
(Dozou och Ps. 18:1, 2; 144:1, 2.)