LIDD 17
„Dat wëll ech!“
1. Jesus koum vum Himmel erof,
war do fir Jehova seng Schof.
Hien huet Trouscht hinne bruecht,
war ëm si besuergt,
hien huet si geheelt a gestäerkt.
Hien huet an’re gär vu sech ginn,
hat Rücksicht, huet keen iwwersinn.
Wéi déi aner sech fillen, war wichteg.
Mat Léift huet gesot: „Dat wëll ech!“
2. Sou wéi Jesus wëlle mir sinn,
vun eiser Zäit an’re gär ginn.
Bei all Mënsch wëlle go’n,
déi gutt Noriicht dro’n,
op si ganz perséinlech ago’n.
Sinn eis Frënn an Nout, si mir do;
mir tréischten a lauscht’re gär no.
Mir verzeien, sinn ëmmer gedëlleg.
Mat Léift so’n och mir: „Dat wëll ech!“
(Dozou och Joh. 18:37; Eph. 3:19; Phil. 2:7.)